Waat huet et mat For Gain op sech?

20160918_forgainFor Gain ass een Opruff, Gewaltstrukturen a Fro ze stellen. An eiser Gesellschaft si politesch Gewalt an institutionnell Gewalt esou staark verwuerzelt, datt deen Eenzelnen dës als normalt Konstrukt vun enger Demokratie versteet. Dëst ass awer net de Fall. Als Bierger muss een all Usproch op Muecht a Fro stellen, hannerfroën. Wann d’Gesellschaft aus Bierger dann zum Schluss kënnt, datt dës Muecht net an d’Hänn vun Institutiounen gehéiert, da muss dës Muecht nees zréck un d’Bierger fléissen.

Déi meescht Institutiounen kruten zu engem gewëssene Moment an der Geschicht eng Missioun, fir e Probleem, dee bestanen huet, ze léisen. Wann awer bis eng Kéier an enger administrativer Struktur Gewalt géréiert gëtt, da wëll se dat net méi hierginn an erfënnt all Joers op een neits eng Daseinsberechtigung, bis datt déi einfach Existenz vun dëser Institutioun als “normal” an “onabdingbar” gëllt. Dat ass awer net de Fall. Et ass just immens schwéier, an eisem Alldag, an deem mir allegueren komplett an esou engem Netz vu sech iwwerlappende Muechtuspréch funktionnéieren, e Schratt no hannen ze maachen, an d’Strukturen als dat ze erkenne wat se sinn: Muechtmonopol.

Alles wat op der Welt leeft, ass vun eise westleche Gesellschafte gesteiert. Et ass post-kolonial. Mir sinn an engem Zäitalter vun industriellem Kolonialismus. Et huet sech näischt verännert, awer mir kréie vermëttelt alles wier aanescht. An Afrika huele Sklave seele Metaller aus ongesécherte Minnen. Dës Metaller ginn dann an Asien vun anere Sklaven ze deenen Apparater verschafft, déi Apple, Microsoft an anerer hei da fir onvirstellbare Profit un d’Leit verkafen. Dat selwecht gëllt fir all eis “Luxusproduiten” vum Parfum iwwert de Schokla bis bei d’Kleeder. Alles um Réck vun de Leit, den Déieren a vun der Natur.

For Gain ass een Opruff waakreg ze ginn, opzestoën, a sech ze wieren. Grad haut, an Zäite wou vu wichtegen Themen ofgelenkt gëtt, andeems, an dat ass immens geféierlech, riets Stréimunge grousgeschwat a geschriwwe ginn, fir de Leit nach méi Angscht ze maachen. Déi ganz faschistesch Beweegung hätt iwwerhaapt keen Impakt, wann hinnen net permanent eng Bühn gebuede géif ginn, wou si hir Mënscheverachtend Parole äusseren däerfen, fir datt duerno Kommentatore soën, wéi falsch si dat fannen. Datt dobäi d’Welt d’Baach ageet, datt eng Spezies no der anerer ausstierft, datt quasi keng Hoffnung méi fir d’Weltmierer a fir d’Fauna besteet gëtt mam Saz “Ëmweltschützer fäerten datt…” bericht. Dobäi ass dat eise gréisst Problem. Mir liewen an der Natur, mir liewe vun der Natur. Mir sinn een Deel vun der Natur. A si stierft.

Fir For Gain hate mir déi grouss Eier mat Greenpeace a PETA kënnen ze schaffen. Si sinn Deel vun däer Beweegung, déi probéiert, do wou et falsch leeft, géigenzesteieren.


Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s